Solar Panels

Mäin Bäitrag zur Energiewende zu Lëtzebuerg – En Erfarungsbericht

An dësem Artikel géif ech gären mat Iech meng Erfarungen awer och meng Frustratiounen am speziellen zur Energiewende zur Lëtzebuerg gi. Den Sujet Energiewende huet spéitstens mam Ukrain-Krich an den doraus resultéierenden extremen Energiepräisser eng ganz nei Aktualitéit krit! Mee ass et esou einfach, en Bäitrag zur Energiewende ze leeschten als Privatpersoun? Wéieng Administrativ Hürden gi et?, Néng Erfarung ass leider, dass d´Lage scheinbar nach net eescht genuch ass, an “Lëtzebuerg” et sech scheinbar leeschten kann ze träntelen.

Ech fannen et gutt, dass d Regierung mat diversen Primen d´Privathaushalter dozou encouragéiert, an erneierbar Energien ze investéieren. Allerdéngs gëtt et och en prakteschen Aspekt, den mat vill Bürokratie an suboptimalen Prozesser verbonnen ass. D´Zil vun dësem Artikel soll et net sinn en Shaming ze maachen vum Elektriker, dem Netzbedreiwer oder der Gemeng. D´Zil ass et, ob Ineffizienzen an den Prozesser hinzeweisen an Virschléi ze maachen wat een besser machen kann. Dovunner kann dann hoffentlech jiddereen profitéieren, deen an Zukunft eng Photovoltaik Anlage installéieren an un d´Netz uschléissen well.

Timeline: Vun der Idee bis zum Uschloss vun enger Photovoltaik Anlage

An dëser Timeline well ech Iech en chronologeschen Suivi vun den verschiddenen Schrëtter opweisen. Wei Dir gesitt, ass bei dem an Betrib huelen vun menger Photovoltaik Anlage deelweis enorme vill Zäit zweschend den Schrëtter vun der Demarche vergaangen. Des Verzögerungen déi eigentlech vermeidbar wieren, sinn menger Meenung no ob Ineffizienzen an Prozesser vun ëffentlechen Verwaltungen, dem Netzbedreiwer CREOS, an strukturellen Problemer zeréckzeféieren.

Juni 2021

fb

MyEnergy Berodung

Mir sinn eigentlech erhéicht ob d´Idee komm eis fir eng Photovoltaik Anlage ze interesséieren duerch en Flyer an eiser Boîte. Mir hunn eng Berodung mat engem Conseiller vun myEnergy gemaach. Des Berodung war professionell, informativ an den Här huet sech wierklech Zäit geholl fir alles am Detail ze erklären. Dobäi ass hien souwuel ob Unschaffungskäschten, steierlech Avantagen wei och den Prozess zur Unschaffung vun enger Photovoltaik Anlage angaangen.

Juli 2021

fb

Offeren Anhuelen an Auswahl fun engem Elektriker

Am Juli hunn mir verschidden Offeren vun Elektriker ageholl fir eis PV-Anlage ze bauen. Des hunn präislech relativ stark variéiert. Déi meescht Elektriker waren awer net an der Lage nach eng Installatioun an 2021 ze garantéieren. Eis war et wichteg dass d Anlage nach 2021 ugeschloss géif gi fir nach vun den 2021er Anspeisetariff ze profitéieren. Dat war wei sech erausgestallt eng liicht naiv Annahm vun eis, dass eng Inbetriebnahm an 2021 méigeleg wier. Ennerschriwen hun mer den Kontrakt mam Elektriker den 27 Juli 2021.

2. August 2021

fb

Demande fir d´Baugeneemegung bei menger Gemeng

Den 2 August 2021 hunn ech bei menger Gemeng (per Email – wei konnt ech nemmen) eng Baugeneemegung agereecht. Dobäi war den Dossier vun Ufank un komplett mat allen néidegen Ënnerlagen wéi Kadasterauszuch, Detail fum Project etc.

Nodeems ech bis Ufanks September nach näischt vun hinnen héieren hat, krut ech gesot dass jo Vakanz war (verständlech), d´Gemengeverwaltung geplënnert ass (kennt net all Joer vir) an wéinst enger Kënnegung fun engem Matarbechter och sos keen d´Emails traitéiert huet. Super!

7 Oktober 2021

9 Wochen an 3 Deeg méi spéid: Gemeng erdeelt Baugenehmegung fir d Photovoltaikanlage

Et huet Schlussendlech nach en weideren Mount gedauert bis d´Gemeng d´Baugeneemegung erdeelt huet. Zweschenduerch wollt d´Gemeng mer dann nach oberléen ech bréicht eng Geneemegung vun Ponts et Chaussées fir eng Stee bei mengem Haus obzerichten well d´Haus un enger CR-Strooss läit. Des Feelinformatioun fun der Gemeng konnt Ponts et Chaussés fun Remich gottseidank relativ schnell aus der Welt schafen. Et war allerdéngs ob mäin Wierken hin, dass d´Gemeng an Ponts et Chaussées sech iwerhapt ausgetauscht hunn.

Desweideren war et dem Service Technique vun Gemeng besonnesch wichteg, dass d´Solarpannels schwaarz an net blo wieren. Deiten mer dat emol reng urbanistesch-ästhetesch an net politesch. Dorunner sollt et awer och net scheiteren.

Schlussendlech huet d´Gemeng soumat am Total 9 Wochen an 3 Deeg gebraucht fir d´Baugeneemegung fir d´Installatioun vun der PV-Anlage ze gi.

Erfahrung zur Baugeneemegung & Iwerleeung zur Stratégie

Wat mech am Speziellen bis zu dësem Punkt verwonnert huet, war den Disconnect zweschend der Gemengen, (dermadder indirekt dem Inneministère), den Ponts et Chaussées an den Bestriewungen vum Land zur Energiewende. Ech verstinn net, wisou eng Gemeng iwwert all eenzel Photovoltaik Installatioun tranchéieren muss, an eng Meenung zur Faarf fun Solarpannels muss hunn wann et Zil vum Land ass den Ausbau vun Solar Technologie virunzedreiwen an ze ënnerstëtzen. Ech géif nach verstoen, dass d´Gemeng en Matsprochrecht huet, wann se d´Anlage duerch en Subside géif ënnerstëtzen. Dat war bei menger Gemeng leider net den Fall. Ënnert dem Stréch wier eng acceleréiert Baugeneemegungs-Approche fir d´Installatioun vun PV-Anlagen ubruecht – besonnesch wann een d´Energiewende aktiv virun dreiwen well, wier dat en “low hanging Fruit”.

Installatioun fun der Photovoltaik Anlage

Zur Installatioun fun der Anlage get et un sech net vill ze soen. Des gouf nodems d Material all do war, schnell an professionel fun mengem Elektriker duerchgefouert. Des war bei wäitem den onkomplizeiertsten Schrett am ganzen Prozess.

Installatioun fun 24 Photovoltaik Pannels as ofgeschloss

D´Installatioun vun der Anlage an d Verkablung am Haus an an der Schalttafel war dermadder Mett November 2021 fäerdeg. Den Elektriker huet domadder den Prozess mat der Creos ugestouss, fir d Installatioun kennen an Betrib ze huelen. (Wei sech spéider erausstellen sollt, gouf et awer nach en klengen Problem)

Technesch Abnahme fun der Photovoltaik Installatioun fun dem Netzbedreiwer Creos

D´Creos als Netzbedreiwer muss all Photovoltaik Anlage dei un d Netz ungeschloss get ofhuelen. Dat mecht absolut Senn an den Prozess as hei ob der Website fun der Creos beschriwen.

2 Dezember 2021

CREOS

1. Creos Termin

Den éischten Termin mat der Creos huet knapp 2 Minutten gedauert. Den Här vun der Creos wei och mäin Elektriker waren sech schnell eeneg, dass alles an der Rei wier an dass d Creos d´ Kontrakter fir d´Anspeisung elo ausstellen kéint an den 2ten Termin kéint ausmaachen.

Et soll sech erausstellen, dass et sënnvoll gewiescht wier dësen Schrëtt en bëssi méi suergfälteg ze maachen.

30. Dezember 2021

fb

Zouschécken & Ennerschreiwen fum Creos Kontrakt

No dem 1. Creos Termin huet den Här vun der Creos den bei eis war, dem internen Service den sech em d Kontrakter këmmert säin ok gi. Den Kontrakt mat der Creos gëtt gebraucht, well den Iwwerschoss vun Energie erëm un d´Creos als Netzbedreiwer verkaf gëtt.

Positiv Erfarung war d Meigelegkeet den Kontrakt digital ze signéieren. Wisou awer hun missen 28 Deeg Zäit fir dësen administrativen Schrëtt vergoen (ok et war och Chrëschtdag, do kann en eng Woch ofzéien) vun der Signaliséierung dass d Aarbechten eigentlech fäerdeg sinn bis zum verschécken vun dem Kontrakt ass mir komplett onerklärlech. Ob alle Fall gouf den Kontrakt den 30. Dezember ënnerschriwen. Dat misst jo awer einfach an engem entspriechenden Prozessworkflow ofbildbar sinn, dass dat méi schnell geschéien kann.

31. Dezember 2021

money

Delais fir fum 2021er Anspeisetarif ze profitéieren gouf verpasst.

All Joer gi d Tariffer fir d Anspeisevergütung fir eng Anlage iwwert 15 Joer ugepasst an erof. Doduerch dass d´Anlage net 2021 (0.1552 € / kWh) un d Netz geet, gelt den méi schlechten Tarif vun 2022 (0.1506 € / kWh). Bei der Performance vun eiser Anlage an dem neien Präis vun 2022 mécht dat knapp 600€ iwwert 15 Joer aus déi verluer gi.

3. Februar 2022

CREOS

2. Creos Termin

Dësen Termin huet 30 Sekonnen gedauert. Den Zähler passt net an dat virgesinnen Zählerfeld.

Leider ass bei dem 1. Creos Termin och en Feeler geschitt, den souwuel hätt missen der Creos opfaalen, souwéi mengem Elektriker, souwéi schlussendlech och mir. D Feld wou den Compteur agebaut sollt gi, as em 10cm ze kleng. Dat ass dunn beim 2 Creos Termin opgefall. Wann en dovunner ausgeet, dass d Zil fun dem Verifikatiounsrendez-vous déi ass ze kucken ob alles passt, dann sollt et souwuel fir d Creos souwéi fir mäin Elektriker penibel sinn, dass dat net opgefall ass.

22. Februar 2022

Embau fun dem Zählerfeld

Dat neit Zählerfeld war an enger Stonn agebaut an mäin Elektriker huet der Creos signaliséiert, dass en prett as fir den 3 an läschen Creos Termin.

Den Elektriker huet dunn och den 23 Februar 2022 der Creos signaliséiert, dass den 3. an finalen Termin elo méigeleg sollt sin. Laut der Helpline fun der CREOS get et en internen Service Level Agreement, dass innerhalb fum 48h den Client en Rendez Vous soll geschéckt kréien. Dat ass leider net geschitt, an erhéicht ob mäin Nofroen bei der Helpline den 1 März 2022 krut ech den 3. Creos Termin confirmeiert: Freideg den 11. März 2022.

11 März 2022

3. Creos Termin (Anbau fum Zähler)

No 14 Wochen an 1 Dag laangem Waarden (no dem 1. Creos Termin) as et endlech esouwait. Den Zähler fir d Energie konnt ouni Problem angebaut gin an d Anlage as endlech an Betrib an produzéiert Strom.

Conclusioun & Verbesserungsvirschléi

Wei der mëttlerweil secherlech novollzéien kennt, war den ganzen Prozess extrem frustréierend an enttäuschend. Ech géif perséinlech vun mir soen, dass ech d Saachen gären schnell virun dreiwen, an mei “pushy” sin wei villäicht den duerchschnëttlechen Client. D´Energiewende ass awer eppes wat just kann global gepackt gi, an dofir as et wichteg, dass wann een sech decidéiert wellen eng Photovoltaik Anlage opzestellen, dass et der Persoun dann och sollt méiséilegst einfach gemaach gi dat ëmzesetzen. Dobäi geet et net just em finanziell Unräizer, mä et sollt schnell, onbürokratesch an pragmatesch geschéien kennen. Hei méng konkret Verbesserungsvirschléi:

  • Vereinfacht Prozedur bei der Baugenehmegung fir eng PV Anlage. Et mecht keen Senn, dass all Gemeng iwert all eenzel Solaranlage trancheieren kann – an dat an dem Tempo wei sie grad kennen. Besonneg, wann d Solaranlag “just” ob engem Eenfamilienhaus oder Residence soll sin.
  • Optimiséierung fun internen Prozesser beim Netzbedreiwer – Digitaliséierung kann hei am Speziellen hëllefen, fir eng méi effizient Handhabung vun dem ganzen Prozess mat den Terminer. Domadder kann en méi effizienten Scheduling erreecht gi.
  • Bei mengem Netzbedreiwer der Creos géif ech proposéieren, déi Kontrakter déi mussen ënnerschreiwen gi kennen scho vill éischter an der Prozedur un den Client geschéckt gi. Sougesin hätt eleng dësen Schrëtt sécherlech d´Prozedur mindestens em een Mount verkierzt.
  • Ech héieren iwwerall “zu Lëtzebuerg gëtt et vill ze wéineg fäeg Elektriker”. Hei as et un der Politik den Stellenwert fum Handwierk nees méi ze stäerken an den Jonken duerch entspriechend Ausbildungsweher an déi adequat Paien ze weisen, dass d´Handwierk dringend gebraucht gëtt. Dest ass sécherlech keng einfach Aufgab.

Et géif mech vun Iech interesséieren ob ech einfach nëmmen Pech am Prozess hat, oder ob sech meng Erfarungen mat Ären Erfarungen deelen. Ech ruffen heimadder all déi genannten Acteuren ob, sech dësem Sujet unzehuelen an Ineffizienten aus dem Wee ze schaffen. Soumat kann all Acteur en Konkreten Déngscht fir den Bierger maachen an hëllefen d´Energiewend ze acceleréieren.

Leave a Comment